Wielt Är Diagnos

D’Anita ass virun 13 Joer operéiert ginn an zënterhier huet si stänneg Réckwéi. D’Anita leit och ënner verschiddene Muskelverspanungen. Si huet 2016 op der Fréijoersfoire déi éischt Kéier d’Andullation gesinn a war direkt begeeschtert. Si seet: „Ech benotzen d'Andullation all Dag géint mäi Réckwei an aner Péng. Ech si richteg frou, domat an eng besser Gesondheet investéiert ze hunn. Haut hunn ech manner Péng, ech ka mech vill besser beweegen an ech fille mech einfach gutt. Dat ass genial.“ D’Anita erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

D’Arlette leit ënner Fibromyalgie an Depressiounen. D’Krankheet, d’Péng an déi verschidden Traitementer huelen hir déi ganz Liewensfreed. D’Arlette huet d’Andullation zoufälleg entdeckt an d’Method ausprobéiert. Nom 1. Versuch huet sI direkt eng Besserung festgestallt. Zënter deem Dag ass d’Andullation en Deel vun hirem Liewen a si huet erëm richteg Liewensfreed. D’Arlette erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

Trotz Operatiounen huet den Norbert nach ëmmer Réckwéi a Rheuma. Seng Fra huet Arthros an Osteoporos. Nodeems si d’Annonce gesinn haten, huet d’Koppel sech fir en Test ageschriwwen. Si ware skeptesch, mä interesséiert un där neiaarteger Léisung, fir géint Péng virzegoen. No deenen 2 Testseancë ware se iwwerzeegt an hu sech d’Andullationsgerät kaaft. Den Norbert schwätzt gär mat Iech iwwer seng Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

"D’Marie-Cécile an säi Mann leide scho säit 3 - 4 Joer ënner staarkem Réckwéi. D’Péng sinn esou staark, dass d’Koppel huet misse Medikamenter géint de Wéi huelen. Bis deen Dag, wou si d’Andullation kenne geléiert hunn. Hir Ausso: Et ass kee Wonner geschitt, ech hunn heiansdo nach wéi, mee wann ee meng Péng vun haut mat deene vu virdru vergläicht, ass dat en Ënnerscheed vun Dag an Nuecht.“ D’Marie-Cécile erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

Den Norry leit ënner Réck- a Genéckwéi, wat mat enger Arthros zesummenhänkt. Hien huet all Dag misse Medikamenter géint de Wéi huelen a war dacks an der Kur zu Munneref, fir d’Péng ze erdroen. Bis hien d’Andullation entdeckt huet. Zënterhier setzt hien den Apparat all Dag 2-mol an: mueres, fir e gudde Start ouni Péng ze hunn, an owes géint seng Schlofstéierungen, well den Norry gemierkt huet, dass d’Andulation och bei Schlofstéierungen hëlleft. Den Norry schwätzt gär mat Iech iwwer seng Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

D’Liliane leit ënner Polyarthritis a Fybromyalgie. Wéint hire Péng huet si esouguer hir Aarbecht als Infirmière mussen opginn. Op enger Skala vun 0 bis 10 waren dem Liliane seng Péng bal all Dag op 10, obwuel si a Behandlung war. Haut seet si: „Mat der Andullation si meng Péng lo op 2 erofgaangen. Mäi Liewen huet sech komplett verännert.“ D’Liliane erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

Dem René seng Aarbecht huet säi Kierper staark belaascht an do och Spuren hannerlooss. De René leit ënner Gelenk- a Réckwei, an dat virun allem um Enn vum Dag. Seng Fra plot sech och mat chroneschem Réckwei. D’Andullation bréngt hinnen eng Erliichterung, well dat hir Péng staark reduzéiert. Si kënne sech e Liewen ouni d’Andullation net méi virstellen. Dobäi kënnt, dass dem René seng Schlofstéierungen och sou gutt ewéi ewech sinn, well d'Andullation him och e Relaxatiounsprogramm ubitt. De René schwätzt gär mat Iech iwwer seng Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

Dem Nadine seng Mamm huet Osteoporos an der Wirbelsail an 3 gebrache Wierbelen. Hir Beweeglechkeet war esou ageschränkt, dass si zäitweis e Corsage huet missen undoen. Nodeems si d'Annonce gesinn hat, huet d’Nadine eng Andullation-Testsitzung fir si organiséiert. Dem Nadine seng Ausso: „Wéi ech meng Mamm gesinn hunn no der éischter Seance opstoen, wosst ech direkt: Dat do ass et. Meng Mamm konnt scho laang net méi einfach esou opstoen.“ Zënterhier benotzt si et reegelméisseg an de Rescht vun der Famill och. D’Nadine erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

D’Margrit leit ënner Arthros, 8 Bandscheiwevirfäll an Osteochondros. Si huet reegelméisseg misse Medikamenter géint de Wéi, Entspanungsmëttelen a Schlofpëllen huelen. De Wéi huet hiert Liewe bestëmmt a si war net méi fräi an hiren Entscheedungen, bis si d'Andullation entdeckt huet. Si zielt mat Begeeschterung: „Op enger Skala vun 0 bis 10 war meng Péng bei 8 - 9, an elo mat der Andullation ass se op 3 - 4.“ D'Magrit erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

D‘Tiny schafft säit hirem 22. Liewensjoer, d’éischt als Infirmière, duerno selbstänneg am Beräich Wellness a Kosmetik. Si ass e gudden Deel vum Dag op de Been. D’Konsequenz ass, dass si de Réck an d’Bee vill wéi huet. D’Andullation hëlleft hir géint d’Péng, an engems gëtt d’Duerchbluddung an d’Lymphdrainage stimuléiert. D’Tiny erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

D’Marie-Josée ass Member vum Managementteam an engem grousse Buttek zu Lëtzebuerg, eng Aarbecht, déi mat vill Stress verbonnen ass. Hire Mann ass Schräiner a leit och ënner Réckwéi. D’Marie-Josée an hire Mann maachen all Dag eng Seance Andullation (och hir zwee Bouwe benotzen den Apparat). Et ass d’Villsäitegkeet an d'Effizienz vun dësem Apparat, déi si iwwerzeegt hunn. D’Marie-Josée erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

D’Tanja leit ënner enger chronescher Sciatique an huet eng gerasse Seen an der Schëller. Duerch eng Schleimbeutelentzündung kommen d’Péng an der Schëller ëmmer nees erëm. Si huet misse vill Medikamenter géint de Wéi huelen. Haut benotzt si all Dag d’D’Tanja leit ënner enger chronescher Sciatique an huet eng gerasse Seen an der Schëller. Duerch eng Schleimbeutelentzündung kommen d’Péng an der Schëller ëmmer nees erëm. Si huet misse vill Medikamenter géint de Wéi huelen. Haut benotzt si all Dag d’Andullation, wat hire Wéi immens entlaascht. Hir Ausso: „Mueres maachen ech den Andullation-Programm fir d’Lymphstimulatioun, mëttes eng Seance géint de Wéi am Réck an an der Schëller, an owes eng fir d’Entspanung. Mäi Meedche benotzt d’Andullation fir säin huele Réck.“ D’Marie-José erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation. Hir Nummer ass 661 32 06 23., wat hire Wéi immens entlaascht. Hir Ausso: „Mueres maachen ech den Andullation-Programm fir d’Lymphstimulatioun, mëttes eng Seance géint de Wéi am Réck an an der Schëller, an owes eng fir d’Entspanung. Mäi Meedche benotzt d’Andullation fir säin huele Réck.“ D’Marie-José erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

D’Anne-Marie leit ënner enger Fibromyalgie a kann dowéinst net méi schaffe goen. Op enger Skala vun 10 gëtt si hir Péng mat 8 - 9 un. Ouni Medikamenter kéint si hiren Alldag net méi meeschteren. Bei der Sich no enger Alternativ fir déi vill Pëllen, déi si all Dag huet missen huelen an déi Niewewierkungen haten, huet si d’Andullation entdeckt. No enger kuerzer Testphas huet si sech fir d’Andulation entscheet an huet hir Liewensfreed erëmgewonnen. D’Anne-Marie erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

Den Alain leit ënnert Réckwéi, wat mat senger Aarbecht als Schräiner zesummenhänkt, awer och mat engem Autosaccident, dat hie virun e puer Joer hat. Hien huet scho 5 Operatiounen um Réck hannert sech an däerf haut net méi schaffe goen. Den immens aktive Mann huet nëmmen nach Wéi gehat, bis en d’Andullation entdeckt huet. All Seance erliichtert säi Wéi fir 7 – 8 Stonnen. Zënterhier kann den Alain erëm Sport dreiwen a sengen Hobbyen nogoen. Den Alain schwätzt gär mat Iech iwwer seng Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

Frëndlech, ëmmer mat engem Laachen, dat ass d’Conny, eng oppen an enthusiastesch Persoun. Dat war leider net ëmmer esou ... 15 Joer laang huet si un engem Bandscheiwevirfall gelidden, dee vum Genéck bis zum Becken immens Péng veruersaacht huet. Wéi hire Mann gesinn huet, wéi gutt seng Fra sech no der Sitzung mat der Andullation gefillt huet, huet en net laang missen iwwerleeën a senger Fra esou e Gerät geschenkt. D’Conny seet: „Ech hätt d’Gerät egal wéi kaaft, well ech sinn 100%eg iwwerzeegt vu senger Wierkung.“ D’Conny erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

D’Sylvie huet ënner Réckwei gelidden, vum Genéck bis ënnen an d‘Kräiz. Et gouf Deeg, do huet de Sciatiquesnerv wéi gedoe bis erof an d’Zéiwen. D’Dokteren hunn hir virgeschloen, sech operéieren ze loossen, mee d’Sylvie wollt net. Als Konsequenz muss si immens vill Pëllen huelen, fir d’Péng net ze spieren. Wéi d’Sylvie d’Andullation entdeckt huet, huet sech säi Liewe verännert. Hir Ausso: „Meng Péng, déi virdrun op enger Skala vun 10 bei 8 - 9 war, ass elo erof op 3 - 4, an dat ouni Niewewierkungen. D’Sylvie erzielt Iech gär vun hiren Erfarunge mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

D’Maud huet 53 Joer. Si leit ënner staarkem Réckwéi, schwéiere Been a Schlofstéierungen. D’Péng waren esou staark, dass d’Maud net méi ouni Injektiounen a Medikamenter géint de Wéi konnt an d’Vakanz goen. Enges Daags huet d’Maud eng Annonce an der Zeitung iwwer d'Andullation gesinn a beschloss, e Rendez-vous auszemaachen, fir d'Gerät ze testen. No der éischter Seance scho waren d’Péng vill manner ginn. Si huet direkt e Gerät bestallt, fir et doheem kënnen ze benotzen. Ausser der Wierkung géint d’Péng ass et och de präventiven Aspekt vun der Andullation, dee se interesséiert huet. D’Maud schwätzt gär mat Iech iwwer hir Erfarung mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

D’Marie-Jeanne huet 55 Joer a leit ënner Réck- a Beenwéi. Si weess, datt et vun all deene Jore kënnt, wou si als Coiffeuse geschafft huet. Si ass ëmmer erëm bei de Kiné geschéckt ginn, awer d’Wierkung war allkéiers just vu kuerzer Dauer an et war immens schwiereg, dat mat hirem Beruff ze kombinéieren. Hire Mann huet eng schwéier Operatioun hanner sech (2 Hëftprotheesen) an huet vill Péng. Nodeems si zwee d'Andullation bei enger Virféierung getest haten, hunn si ouni ze zécken decidéiert, e Gerät ze kafen, well se no der éischter Seance eng Verbesserung gespuert hunn. Haut benotzen si d‘Gerät all Dag an hir Liewensqualitéit huet sech verbessert. D’Marie-Jeanne erzielt Iech gär méi iwwert hir Erfarung mat der Andullation.
Dëse Client uruffen

D’Sandy huet 38 Joer a leit ënnert Spondylitis (Morbus Bechterew), rheumatoider Polyarthrite an huet eng Borrelios (Lyme-Krankheet). Dës Pathologië brénge vill Péng mat sech, déi si intensiv mat Medikamenter géint de Wéi a géint Entzündungen, mat Kinesitherapie a souguer Chemotherapie huet musse behandelen. Si huet dauernd mat Péng musse liewen an huet keen Auswee aus hirer Situatioun gesinn, bis si en Artikel op RTL.lu iwwer Andullation entdeckt huet. Nodeem si d’Andullationsgerät bei sech doheem a Präsenz vun engem Spezialist getest hat, huet se direkt en Ënnerscheed gemierkt an huet beschloss, e Gerät bei sech doheem z‘installéieren. Haut benotzt hir ganz Famill d‘Gerät; jiddweree fir seng Bedürfnisser. D‘Sandy freet sech, hir Erfarung mat der Andullation.
Dëse Client uruffen
Wielt Är Regioun




Empfang duerch e Spezialist.
Individuelle Bilan.
Andullation-Behandlung vu 15 Minutten.
Direkt Erliichterung a perséinlech Berodung.