Initiativ STOP PÉNG bei Felten
Zënter 1870 ass Orthopédie Felten e Leader am medezineschen a para-medizinischen Equipement zu Lëtzebuerg. Mat de Filialen an der Eecher Klinik, zu Esch/Uelzecht an zu Mondoerf ass een all Dag mat Leit, déi Péng hunn, konfrontéiert: Réckeproblemer, Arthros, Rheuma oder och Fibromyalgie. Vill Leit zu Lëtzebuerg liewen ëmmer nach mat Péng Trotz medezinesche Fortschrëtter fanne vill Leit keng Léisung géint hir Péng. Si sinn da gezwongen, reegelméisseg Medikamenter ze huelen, wat eng ganz Rëtsch vu schiedlechen Niewewierkungen a Suchtproblemer mat sech bréngt. Et gëtt awer eng natierlech Léisung De Patrick Kugener ass Direkter vun Orthopédie Felten. Hien erkläert: « Ech denken, et ass ganz wichteg, datt Leit mat Péng op d‘mannst iwwer alternativ an natierlech Léisungen informéiert sinn, déi hinnen hëllefe kéinten, an déi gratis kënnen testen. Déi, déi ech haut am beschte fannen, ass d’Andullation« . Initiativ STOP PÉNG « Dat ass de Grond, firwat ech beschloss hunn, déi grouss Initiativ STOP PÉNG zu Lëtzebuerg ze starten, an engem Partenariat mat HHP. » « Op einfach Ufro iwwer eise Formular kënne Leit, déi Péng am Réck oder de Gelenker hunn, gratis en Andullation-Spezialist konsultéieren, an dat an enger orthopädescher Filial vu Felten oder awer bei sech doheem. Dir kritt do och eng Testseance vu 15 Minutte mat dem medezineschen Andullation-Apparat offréiert, fir d’Effektivitéit vun dëser Technologie direkt an all eenzel Fall ze bestëmmen. » « Déi Leit, déi sech no dësem Test dozou entscheeden, sech selwer en Andullation-Apparat unzeschafen, kënne vun exklusive Virdeeler profitéieren. Also gëtt et wierklech kee Grond, sech net z’informéieren! »
Copiez-collez cette URL dans votre site WordPress pour l’inclure
Copiez-collez ce code sur votre site pour l’y intégrer